Konventioun vun Istanbul

Verhënnere mir d’Gewalt andeems mir doriwwer schwätzen!

Direkt an der Aleedung erkennt d’Konventioun vum Europarot zur Preventioun a Bekämpfung vun der Gewalt géingt Fraen an haislecher Gewalt, och bekannt als Istanbuler-Konventioun (IK), un, dat „Männer och Affer vun haislecher Gewalt kënne sinn.“

Dowéinst ginn all politesch Mesuren, Aktiounen, Prozeduren an aner Strategien zur Bekämpfung vun haislecher Gewalt Männer genausou zougutt kënnt ewéi och Fraen. Lëtzebuerg huet d’Konventioun den 20. Juli 2018 ratifizéiert.

An de vun hier virgeschloenen Definitioune preziséiert, dat „De Begrëff ‚Haislech Gewalt‘ all Handlunge kierperlecher, sexueller, psychologescher oder wirtschaftlecher Gewalt ëmfaasst, déi innerhalb vun der Famille, dem Stot oder zwëschen vergaangenen oder aktive bestueten oder net bestuete Koppelen optrieden…“

Et gi just wéineg Männer, déi sech an eiser Berodungsstell iwwer erliefte Bezeihungsgewalt beschwéieren. No eiser Vue kéint dat drop hiweisen dat:

Wärend et wouer ass, dat eis Clienten sech seelen doriwwer beschwéieren, héiere mir oft vun Haltungen, déi mir als Fachpersonal oft als psychologesch oder emotional gewalttäteg bezeechne géifen, wat net ombedenkt dat selwegt fir déi Betraffen ass. Dës drécken éischter eng diffusen Angscht a Situatiounen aus, an deene beispillsweis Kanner an ee Streit tëschent Erwuessenen involvéiert ginn.

Du fills dech betraff ?

Waart net fir mat enger Vertrauenspersoun ze schwätzen. Dëst gëllt natierlech och wann dir ënner physescher Gewalt leid.
Zeckt net fir den 274 965 unzeruffen fir ee Point ze maachen an Friddensstrategien z’envisagéieren, frot iech een rendez-vous fir eng oder méi gratis a vertraulech Berodungen.

A bestëmmte Fäll, kann den infoMann Noutënnerkënft zur Verfügung stellen. Sou kann eng Zäit vum Réckzuch an der Neiorientéierung gestalt ginn.