Pedagogesche Beräich

Introduction

Niewent der Berodung fir Männer an alle Liewenslagen huet den infoMann vun Ufank un den Optrag vun der Sensibiliséierung: Enner wéi enge Bedingunge gi Jonge sozialiséiert a wat sinn déi spezifesch Liewensbedingunge fir Mënsche mam männleche Geschlecht/Gender.
D’Pedagogik vun infoMann konzentréiert sech an hierer Multiplikatorenaarbescht besonneg op den Bereich vun der formaler a non-formaler Bildung an Erzeihung. Ugeschwat gi Mënschen déi an der Kanner- a Jugendaarbecht täteg sinn, souwuel am schouleschen ewéi och am ausserschoulesche Kontext.

An Zesummenarbecht mat der FEDAS (Fédération des acteurs du secteur social au Luxembourg asbl) gouf et zënter 2012 Weiderbildungsangeboter zu Theme wie männlech Sozialisatioun a geschlechtersensibelt Schaffe mat Jongen.

An dene Weiderbildungen hun Erzéier*innen, Pedagog*innen a Léierpersonal regelméisseg de Wonsch ausgedréckt fir hiren Emgang mat Jongen ze verfeineren a praktesch Uleedung dofir ze kréien.

Formatiounen

Eise Service proposéiert villfälteg Weiderbildunge fir Professioneller aus de folgende Beräicher: psycho-sozial, edukativ, schoulesch, gesondheetlechoder anerer. D’Theme fokusséieren sech op déi spezifesch Besoine vu Jongen a Männer. Doriwwer eraus bidde mir Team-Formatiounen un.

Themen

Kalender

Programmer

Mir bidden ënnerschiddlech geschlechtersensibel Programmer fir Jugendgruppen un (haaptsächlech Jongen). Eis Offere baséieren op der Demande vu Professionellen déi mir bei sensibiliséirungs Workshoppen oder Formatioune getraff hunn.

EKF

"Ech kämpfen fair! Gewaltpräventioun mat Jongen*" baséiert op de "Kampesspiele©" vum Institut KRAFTPROTZ© an bréngt den Jongen* bäi, d'männlech Kraaft an Aggressivitéit op eng positiv Manéier ze geréieren, hiert Selbstvertrauen ze stäerken, hir Handlungsfäegkeeten ze erweiderern an sech mat hiren eegenen Gefiller ze konfrontéieren. Duerch d'Fërderung an d'Entwécklung vu sozialen a kommunikative Kompetenze ennerstëtzt "EKF!" d'Jongen* an hirer perséinlecher Entwécklung.

Let’s talk about sex…

Heefeg ass d'Thema "Sexualitéit" an d'Schwetzen doriwer mat Schimmt, Opreegung an Vulnerabilitéit verbonnen. Et ass wichteg, e vertrauensvolle Raum ouni Jugementer ze schafen, an deem d'Kanner/Jugendlecher léieren, dass hir Gefiller wouer an eescht geholl ginn esou wei dat hieren Kierper akzeptéiert gëtt.

Et geet derëm, Informatiounen a Wäerter weiderzeginn, dat an enger entspaanter a respektvoller Atmosphär, wou och gelaacht därf ginn.

Ëffentlechkeetsaarbescht

Mir fassen all Aktivitéiten, déi am Kontext vu Manifestatiounen wéi Konferenzen, Projeten an Programmer stattfannen, ënnert dem Begreff Ëffentlechkeetsaarbescht zesummen.

Et ass net ongewéinlech, dass aus Joersthemen wéi der "Männergesondheet" am Joer 2013 mat enger Fachkonferenz an engem organiséierte Männergesondheetstag fir de breede (männleche) Publikum weider thematesch Diskussiounen oder Verdéiwungen entstinn, wéi z.B. d'international Kooperatiounen am Kader vum Erasmus+-Projekt Helpmen (2018-19).

De Programm "Männer an der ausserschoulescher Kannerbetreiung(MadaK)" huet sech iwwer zwou Phasen (2017 bis 2018 an 2019 bis 2021)erstreckt. No dem internationale Männerdag 2014 gouf d’Situatioun vu männlecheProfessionellen zum Thema Weiderbildungsméiglechkeeten a Maison Relaisen a Crèchen ënnersicht.

D'zentral Zil vun eiser Öffentlechkeetsaarbescht ass d'Sensibilisatioun vun esou vill Mënsche wéi méiglech. An éischter Linn versichemir déi relevant Acteuren aus der Politik, den Administratiounen, derAusbildung an der pedagogescher Praxis fir de komplexen Themekomplex "Jongen a Männer, Gläichberechtegung an d'Erweiderung vun den traditionelle Geschlechterbiller" ze erreechen.