Berodung

Ennerstetzt Männer

Ons Missioun

infoMann adresséirt sech u Männer vun all Alter, déi no Informatiounen, Aussprooch, Ennerstëtzung oder psychosocial Berodung sichen.

Ons Konzept firm at Männer an der Perspektiv vun der Gleichheet teschend Fraen a Männer ze schaffen versteet folgend Hellefsstellungen:

Du fills dech betraff ?

Waart net fir mat enger Vertrauenspersoun ze schwätzen. Dëst gëllt natierlech och wann dir ënner physescher Gewalt leid.
Zeckt net fir den 274 965 unzeruffen fir ee Point ze maachen an Friddensstrategien z’envisagéieren, frot iech een rendez-vous fir eng oder méi gratis a vertraulech Berodungen.

A bestëmmte Fäll, kann den infoMann Noutënnerkënft zur Verfügung stellen. Sou kann eng Zäit vum Réckzuch an der Neiorientéierung gestalt ginn.

Thème possible durant les consultations

Den Emgang mat Gefiller a Gewalt

Während dem ganze Liëwe a senge verschiddene Phasen (jonk erwuësse sin, Studium, Ufänger am Beruf, als Koppel zesumme liewen, als Famill zesumme liewen, Gewunnechten, Konflikter, Aennerung um berufleche Wee oder Verloscht vun der Arbechtsplaz, de mëttleren Alter, de Pensiounsalter asw…) as et emmer erem grondlegend wichteg säin emotionalt a gefillsméissecht Erliewen kloer ze erkennen grad ewéi seng Bedierfnesser an dat alles och kloer kenne mattzedeelen. Natiirlech hun och Männer hiirt intimt Erliewen an hir Empfindsamkeeten, och wa sie vläit net esou feinfühlech am Emgang domat sin a wa gemengrhand gär doriwer geschmunzelt get.

Allzeoft gin Emotiounen ewech gedrängt. Op Dauer kann e Stau vu Spannungen déi emmer méi gin entstoen an et kann zu onerwaarte Wendunge kommen wéi Onwuëlgefill oder Krankheet mais och zu Ausbr¨ch vu Gewalt géint sech selwer oder anerer.

Mir fannen dass all Erliewen, och gefillsméisseg, muss kennen ausgedréckt gin. Et as allerdings grad esou noutwendeg dass dat alles am Respekt zu allen anere geschitt.

Begéine mir eis an eiser Koppel op Aenhéischt ? Wéi gi mer matteneen em wa me reis net eens sin ? Lauschtere mer eis géigensäiteg no a si mer eis wuëlgesënnt, och wa mer net enger Meenung sin ? Hun eis Diskussiounen Tendenz auszeaarten oder souguer zu verletzenden Sträitszenen ze féieren ? As et schons fiir komm dass ech gefaart hun ech oder meng Partnerin kéint handgräiflech gin? Gouf et schons kiërperlech Gewalt an eiser Koppel? Meng Partnerin seet ech wier bedrohlech an ech géif hiir Angscht maachen, wat sol lech dovun hale wou ech näischt Béises denken? Ech fäerten heiansdo meng Partnerin a wann ech hir dat soe mecht sie sech doriwer lëschteg, wat kann ech do maachen?

E spezielle Fall – psychesch Gewalt 

Och ouni kierperlech Gewalt as psychesch Gewalt eng Form vu Messbrauch. Emmer wann et zu kierperlecher Gewalt kennt get et psychesch Gewalt am Viraus.

Déi psychesch Gewalt as déi hannerhältegst Form vu Gewalt, oft get se net emol als Gewalt erkannt. Dat as de Fall besonnesch wa Manipulatioun mat am Spill as sou dass déi betraffe Persoun vläit net emol miirkt dass sie grad Affer as. Psychesch Verletzunge kennen enner Emstänn manner gudd heele wéi kierperlech Verletzungen.

Hei e puer Beispiller:

Esou Haltungen a Verhalensweisen, déi oft näischt oder net vill mam tatsächleche Kontext ze din hun an awer systematesch widerholl gi si verletzend a stelle Gewalt dur. Wann dir mat esou gewalthalteger Kommunikatioun zed in hudd an dir wellt do eraus, da schwätzt driwer

Perséinlech Entwécklung a Wuelbefannen

Vill Männer setzen op äusser Upassung an op d’Unerkennung déi se dofir kréien. Gesellschaftlech Unerkennung, Unerkennung vum patron oder/an vum Partner deet emmer erem gudd awer sie verleed gären dozou déi méi déif an individuell Bedierfnesser an de Vergiess geroden ze lossen. Des Bedierfnesser leie méi déif wéi zum Beispill dat no Selbstwierksamkeet, dat no sozialem engagement, mais et geet oc hem kulturell Bedierfnesser a munchmol spiritueller.

All Partner an enger Koppel sollt idealerweis kompromessfäheg sin an och voll dozou ze stoen, wat natiirlech nemme méiglech ka sin wa jidder bedeelegten, Mann oder Fra sech a seng Usprëch am Kompromess vertruede fillt.

Sin ech zefridde mat Mengen Aktivitéiten a Begéignungen ausserhalb vun der Famill a vun der Arbecht ? Fillen ech mech unerkannt fir déi Perséinlechkeet déi ech sin? Fillen ech mech ausgefëllt, perséinlech, kierperlech, emotional, sozial ? Get et Erliefnesser aus menger Vergangenheet déi mer ze schafe maachen ? Hun ech eng Leidenschaft, en Thema wat mech intresséiert oder eng Aktivitéit? Oder schéngen ech just ze funktionnéieren an “d’Liewen huet kee Senn”? Wat kann ech maache fir déi Spannunge vun der Aarbecht lass ze gin?

Partnerschaft a Pappeschaft

Dest as e Beräich den sech an de läschte Joerzingten stoark entwéckelt huet, net zu läscht och enner wirtschaftlechem a sozialem Drock. Wat Kannerkréie betrefft kenne Fraen a Männer sech informéieren an alles gewuer gi vun der Befruchtung bis zum Entbannen. Vill Koppele fille sech iwerfuerdert wann et em Zesummeliewen als Famill mat Kanner geet, grad wéi vun der Erzéiung an der work-life balance. Eng Konsequenz dovun as dass vill Koppelen net méi eens gin a mengen eng Léisung wier Scheedung. Ze vill oft sin et d’Kanner déi dobei de Kierzeren zéien.

Dat kann awer och anescht goen. Eng Koppel opzeléisen as eng Saach, seng Verantwortung als Mam moder als Papp ze iwerhuelen as eng aner Saach. Eng Koppel déi am Zesummeliewen net déi richteg Wieder font huet wäert déi nach manner fannen an Extremsituatioune, grad ewéi Afillen an Empathie riskéieren ze kuerz ze kommen.
Awer et as nie ze fréi an och nie ze spéit fir Bäizeléieren.

Hun ech de Stellewäert fir meng Kanner den ech well hun ? Erliewen ech meng Papperoll esou wéi ech mer dat virgestallt hat ? Helleft oder stéiert dat Bild wat ech vu mengem Papp hun? Wéi gi mir als Koppel an als Famill em mat Onstemmegkeeten tëschent Kanner an Elteren? Gesin ech mäi Partner als Partner an Elterendeel oder nemmen als Elterendeel? Hun ech meng Fra nach gär zanter mer Eltere sin? Wéi kann ech meng Roll als Papp festegen an ausbauen, esouguer no enger Trennung?

Sexuell an affektiv Gesondheet

Laut der Weltgesondheetsorganisatioun as sexuell Gesondheet eng gebonnen un déi allgemeng Gesondheet grad ewéi un dat allgemengt Wuëlbefannen an d’Liewensqualitéit. Sexuell Gesondheet bedeit esouwuel kierperlecht, emotionalt, mentalt a sozialt Wuelbefannen am Zesummenhang mat Sexualitéit. Gesondheet – och déi sexuell – brauch méi wéi keng Krankheet, keen dysfunktionnement a keng Behennerung ze hun. 

D’Sexualitéit huet eng zentral Plaz a Wichtegkeet am Liewen. Vu männlecher Sexualitéit get an der Effentlechkeet bal nemme geschwat wann et em promis geet respektiv em mëssbräichlech Praktiken ode rem Pornographie. Déi meeschte Männer hu kaum Zäit a Geleenheet fir a Rou an ouni Angscht virun Ofwäertung iwer hiirt sexuellt Erliewen nozedenken oder ze schwätzen.

Bei infoMann get et Zäit a Sëcherheet fir iwer all Froen, Zweifelen oder Aengschte kennen ze schwätzen.

Erliewen ech Sexualitéit als eng Beräicherung vum Liewen oder als Laascht ? Schwätze mer an der Koppel iwer Sexualitéit an iwer Mëssstemmungen an dem Zesummenhang ? Hu mer esou Gespréicher am géigesäitege Respekt oder vermeide mer se well se iirgendwéi emmer erem ausaarten ? Et fällt mer schwéier intim relatiounen erbäizeféieren an och ze fleegen, firwat as dat esou a wat kann ech machen ?

Sozial a berufflech Gesondheet

Et geet net duer ze fonktionnéieren duerch Schaffen a Verantwortung ze iwerhuelen am familiären an am berufflechen.

Mir brauche befriddegent Kontakter mar aneren esouwuël an der Fräizäit ewéi och an den alldeegleche Gewunnechten. Et get vill Méiglechkeete seng Zäit ze strukturéieren wéi zBsp sech fräiwelleg engagéieren, Noperschaft fleegen, Sport dreiwen, kulturell an aner Betätegungen an de Genoss as meeschtens méi grouss wan nee mat anere kann deelen a wann et beräicherend Begéignunge get. Kollegial a frëndschaftlech Bezéiunge si wesentlech fir d’Liewensqualitéit a wëlle gefleegt gin.

Hun ech Leit denen ech vertrauen? Hun ech “richteg” Frënn? Wéieng a wéivill Plaz hëlt meng Arbecht a mengem Liewen an? Get meng Arbecht mer och perséinlech Befriddegung? Si meng Arbechtsbezéiunge reng professionnel oder kann ech mech och alt emol op häerzlech Begéignungen alossen?

Männlechkeeten

Vill Männer sin eigentlech un éischter Stell Affer vun traditionelle Männlechkeetsvirstellungen oder hegemonialer Männlechkeet, iir se Affer vun iirgendeppes oder -engem sin.

Karriär machen, fir d’Bedürfnisser vun der Famill opkommen, zouverlässeg sin an net (zevill) sensible sin, stoark bleiwen an net labber lossen, dat sin nach déer Fuerderungen déi Mànner u sech selwer hun an déi an hirer Eesäitegkeet nach lang net emmer gudd din. D’Tatsach dass d’Liewenserwardung fir Mànner däitlech enner déer fir Frae läit deit drop hin dass gewëssen Haltungen méi schiëdlech sin wéi soss eppes. Ausserdem lée Mànner wa se enner sech sin och oft schiëdlech Haltungen un den Dag.

Kann ech a mengem Liëwen oc hemmer erem « mech selwer » sin oder muss ech Rolle spillen well dat erwoart get als salarié, als Papp oder als Partner ? Kann ech déifgrënnegen Austausch hu mat menge Frënn oder bleiwe mer (zevill) iwerflächlech ? Wéisou eigentlech verstin ech mech net sou gudd mat anere Männer a versti gläichzäiteg d’Fraen net ? Munchmol fillen ech mech einfach net esou staark wéi dat vun engem Mann erwoart get, wat soll ech machen ? Et get gesot e Mann bräicht eng Fra, mais wéisou as date sou komplizéiert? Ech hun de Mann do gär, sin ech iiren homosexual? Ouni et ze wëssen?

Egal fir wéi eng Ursaach clientën bei eis kommen, Aspekter aus den uëwe genannten domainen spillen emmer mat wa se net esouguer ursächlech zu de Schwieregkeete bäidroen.