Sexuell Zoustëmmung
Wéi oft hu mir scho Sätz wéi di follgend héieren:
"Hien ass e Mann, hie wëll dach souwisou ëmmer!"
oder
"Hien/Hatt huet net Nee gesot, also ass et okay"? 🤔
Sätz wéi dës weisen, datt d‘ Thema "sexuelle Consentement – sexuell Awëllegung" oft net richteg verstan gëtt. Awëllegung ass kee Recht, et ass eng individuell Entscheedung; en Akt vu géigesäitegem Respekt.
An dëser Summervakanz zitt infoMann Är Opmierksamkeet op d'Wichtegkeet vum sexuellen Consentement. E Begrëff, deen vill benotzt gëtt, awer oft net ganz verstane gëtt. 💡 #Zoustëmmung #Respekt #infoMann