infoMann

Mir wëlle bei der Diversifizéierung vun den männleche Rollen an Haltungen an enger ëmmer méi oppener a sech weiderentwéckelnder Gesellschaft bäidroen. Gläich Chancen fir jiddereen, gerecht a respektvoll sozial Bezéiungen erfuerderen d’Engagement vun allen, also och vun de Männer. D’Wierklechkeeten vu Männer a Jongen si multipel.

Eis Offer

Mir intervenéieren ob ënnerschiddlechen Niveauen, ëmmer am Favoriséieren vum Selbstbild, d’Selbstreflexioun vun den eegenen Rollen an Haltungen, Selbstbehaaptung mam Respekt dem aneren géigeniwwer, Iwwerhuelung vun Verantwortung sech selwer an den Aneren géigeniwwer. Dës Interventiounen ginn ob ënnerschiddlechen Niveauen an an diverse Kaderen ugebueden:

Konventioun vun Istanbul

Säit der „préambule“, d’Konventioun vum Europäeschen Conseil iwwert Präventioun an d’Bekämpfung géingt Gewalt u Fraen an der haislecher Gewalt, och bekannt als Istanbuler Konventioun (IK), erkennt dat „… les hommes peuvent également être victimes de violence domestique“.

Deemno, all Policlinique, Aktiounen, Prozeduren an aner Strategien déi als Ziel Bekämpfung vun der haislecher Gewalt hunn, profitéieren Männer ewéi Fraen am selwechten Moos.

Lëtzebuerg huet d’Konventioun den 20 Juli 2018 ratifizéiert.

Psychescher Gewalt

100% vun der physescher Gewalt geet psychesch Gewalt viraus!

Wien fréizäiteg reagéiert, erheigt Chance erhieflech, dat Spannungen net eskaléieren an falls een net zu engem friddlechen Bezeihungsmodos zereckkennt, so kann een zumindest onverhofften Entwécklungen verhënneren.

Wat versteet een ënner psychescher Gewalt?

Ofwäertung, Entwäertung, Beleidegungen, Drohungen, Lächerlechkeeten, Drohung den Kontakt mat den Kanner ofzebriechen, Erpressung, Jugementer a Kritik, Accusatiounen a Reprochen, falsch Witzer, Verleegnung, Verruff, Schweigen, Kontroll vun der Beweegungsfräiheet, dem Ëmgang, dem Verhalen, den finanziellen Mëttel… All dës systematesch ugewannten Astellungen a Verhalensweisen droen zur Vergëftung vun der Bezéiung bei a falen dohier an den Begrëff psychesch Gewalt. Ausserdeem hu Kanner, déi sou een Klima ënner Erwuessenen erliewen, een erhéichten Risiko, sou Verhalensweisen och als Erwuessener ze widderhuelen.

Du fills dech betraff ?

Waart net fir mat enger Vertrauenspersoun ze schwätzen. Dëst gëllt natierlech och wann dir ënner physescher Gewalt leid.
Zeckt net fir den 274 965 unzeruffen fir ee Point ze maachen an Friddensstrategien z’envisagéieren, frot iech een rendez-vous fir eng oder méi gratis a vertraulech Berodungen.

A bestëmmte Fäll, kann den infoMann Noutënnerkënft zur Verfügung stellen. Sou kann eng Zäit vum Réckzuch an der Neiorientéierung gestalt ginn.