Pappeschaft

D'Roll vu Pappen geet wäit iwwer déi emotional a finanziell Ënnerstëtzung vun hire Kanner eraus. Se ëmfaasst och eng aktiv Bedeelegung un hirer Erzéiung, Entwécklung an hirem Wuelbefannen. Als Virbildfigur, hu Pappen eng besonnesch Responsabilitéit fir Grenzen, Wäerter a sozial Normen ze vermëttelen, an domat dozou bäizedroen, verantwortlech a respektvoll Individuen ze erzéien.

Och wa Papp sinn ganz belounend ka sinn, duerch eng bedéngungslos Léift an dem Materliewen wéi d’Kanner wuessen a léieren, sou verlaangt Papp sinn och eng bedeitend Investitioun un Zäit, Energie an emotionale Ressourcen. Sou gëtt et och keng eenzeg "richteg" Approche Papp ze sinn! Et gëtt een net als Papp gebuer, et däerf een onsécher sinn an et däerf een net ëmmer wëssen wat ze maachen ass.

Wéi en afrikanescht Spréchwuert et seet: " Et brauch een e ganzt Duerf, fir e Kand ze erzéien." Staark Ënnerstëtzungsnetzer si ganz wichteg, souwuel fir d’Entwécklung vun de Kanner, wéi och fir d'Wuelbefannen vun de Pappen.

Hei sinn 5 Virschléi wéi dir d'Bindung mat ärem Kand stäerken kënnt, zesumme mat konkrete Beispiller:

  1. 1. Huelt Iech Zäit fir Iech mat Äre Kanner ze verbannen: Mir sinn oft vun eisem Alldag ageholl, mee et ass wichteg sech Zäit ze huelen wärend där dir Iech ganz op Ärt Kand aloosst. Alles wat Iech kéint oflenken, sollt Dir op d‘Säit leeën, Iech op d’Knéie setzen fir op der Héischt vun Ärem Kand ze sinn an Interessi u senger Welt weisen. Souguer kuerz qualitativ Momenter mat Ärem Kand kënnen d‘Bindung zueneen stäerken.

 

    • Leet Ären Telefon fir 10 Minutten ewech: Huelt Iech no Ärer Aarbecht oder dem Owesiessen e puer Minutten, just fir mat Ärem Kand ze spillen. Baut zesummen mat Ärem Kand eng Buerg aus Këssen an Decken, maacht ee Ballon-Platzeloossen-Wettbewerb oder liest zesummen ee Kapitel aus engem Liblingsbuch.

 

  1. Lauschtert no, wann Är Kanner Iech brauchen: Dir kënnt net ëmmer verfügbar sinn, an dat ass absolutt ok. Wichteg ass et, dass Dir fir Är Kanner do sidd, wa si Iech am meeschte brauchen. Huelt de Kanner hir Gefiller eescht an hëlleft hinnen, schwéier Emotiounen ze bewältegen. Et geet vill méi em eng emotional Verfügbarkeet, wéi em eng permanent Präsenz.

 

    • Verwandelt Är Schlofenszäit-Routine an eng Häerz-zu-Häerz-Zäit: Maacht Iech et virum Schlofe goen gemittlech mat Ärem Kand a frot et no sengem Dag. Wat war dat Coolst, wat et deen Dag geléiert huet? Gouf et eppes, wat et vläicht beonrouegt huet? Lauschtert aktiv no a schwätzt Ärem Kand encouragéierend Wierder zou.

 

 

  1. Fannt Aktivitéiten déi Iech an Äre Kanner gefalen: Probéiert zesummen verschidde Saachen aus – baut eng Höl zesummen, spillt ee Gesellschaftsspill oder sangt topeg Lidder. Konzentréiert Iech drop, Momenter voller Freed ze schafen, déi Är Verbindung stäerken. Fillt Iech net ënner Drock gesat, all Kéiers opwänneg Erliefnesser mussen ze kreéieren.

 

    • Erfannt Äert eegent topegt Lidd: Zum Beispill wärend dem Bueden, der Zäit am Auto oder dem Waarden op d’Owesiessen kënnt Dir een topegt Lidd iwwer dat wat am Dag geschitt ass, Äert Hausdéier oder soss eppes, wat Freed bereet, erfannen. Dës Onbeschwéiertheet stäerkt Är Bindung.

 

  1. Feiert kleng Erfollegserliefnisser: Konzentréiert Iech op d’Efforte vun Ärem Kand a feiert seng grouss a kleng Versich. Huet et eng nei Zort Iessen probéiert? Huet et net opginn, trotz enger schwéierer Aufgab? Huet et eppes probéiert, wat et soss nach ni probéiert huet? Di kleng Erfollegserliefnisser si Sprangbrieder fir de Wuesstum.

 

    • Feiert, wann Äert Kand een neit Geméis probéiert: Den Iessdësch kann heiansdo engem Schluechtfeld gläichen, mee amplaz Iech op dat ze konzentréieren, wat net giess gouf, feiert den Effort deen Äert Kand mécht fir eppes Neies ze probéieren. Dir kënnt zum Beispill soen: „Wow, du hues an de Paprika gebass, dat ass immens! Vläicht schmaacht et dir d‘nächst Kéier jo besser“.

 

  1. Hutt e positiven Afloss op Äert Kand: Pappe spillen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun hirem Kand. Weist Ärem Kand Léift, Respekt a Courage duerch Är Wierder mee virun allem duerch Är Doten. Dëst bilt d’Grondlag fir gesond Bezéiungen. Um Wee dohin dierft Dir Feeler maachen, keen ass perfekt an dat ass absolutt ok.

 

    • Entschëllegt Iech, wann Dir eppes vermasselt: Jiddereen mécht Feeler. Wann Dir d’Beherrschung verléiert, frot Äert Kand em Entschëllegung. Probéiert em ze erklären, wéi Dir anescht mat der Situatioun hätt kënnen ëmgoen. Dëst weist Ärem Kand, dass et ok ass, Feeler ze maachen an dass een aus Feeler léiere kann.

Méi Artikelen