D'Pride Week

D’Pride Week zu Lëtzebuerg fënnt traditionell am Juli statt. Dës Woch steet am Zeechen vun der Sensibiliséierung, Visibilitéit an dem Feiere vun der Diversitéit vun der LGBTQIA+ Communautéit, a fënnt säit 1999 hei am Land statt. Dëst Joer feiert d’Pride hiren 25ten Jubiläum. Si inspiréiert sech um Pride Month aus den USA, dëst ass ee Mount deen dem Kampf fir d’Rechter vun der Communautéit an dem Gedenken vum Opstand vu Stonewall aus dem Joer 1969 gewidmet ass.
 
Den Acronyme LGBTQIA+ regroupéiert Persounen déi lesbesch, gay/schwul, bisexuell, transgender, queer, intersex, asexuell/aromantesch/ageschlechtlech. Fir méi Informatiounen: https://www.youtube.com/watch?v=UZmko23eb5I&t=127s
 
Och wa Lëtzebuerg an Europa déi 7ten Plaz beleet am Rainbow Index, wat dorop hi weist, dass Fortschrëtter an de Rechter fir LGBTQIA+ Persounen gemaach goufen, bestinn awer nach sëlleg Erausfuerderungen. D’Statistike vun der FRA (Agence fir d’Grondrechter an der Eurpäescher Unioun), publizéiert am Joer 2023, maachen ënnert anerem dës Feststellungen zu Lëtzebuerg*:
  • 1 Persoun vun 2 (48%) vermeit et mat sengem:er Partner:in Händchen ze halen an der Ëffentlechkeet.
  • 1 Persoun vun 2 (56%) gëtt un meeschtens oder ëmmer oppen LGTBQIA+ kënnen ze sinn.
  • 1 Persoun vu 4 (25%) vermeit meeschtens oder ëmmer bestëmmte Plazen aus Angscht aggresséiert ze ginn.
  • 1 Persoun vun 2 (50%) gëtt un dass Si am leschte Joer belästegt gouf.
  • 5% vun den Affer vu physescher oder sexueller Gewalt hunn eng Plainte bei der Police agereecht.
 
Am Hibléck op dës Statistike wëlle mir dräi Tipps deelen wéi een sech kann empoweren nodeems een an enger Situatioun war an där een diskriminéiert gouf **:
 

1. D’Autoritéiten informéieren a rechtlech Schrëtt aleeden

Wann Dir Iech bedrot fillt, kontaktéiert dann d’Police Grand-Ducale (Tel: 113) oder gitt an de Policebüro fir eng Plainte ze maachen. Beschreift d'Situatioun, d'Identitéit vun der Persoun déi Iech bedrot huet an äre Standuert esou präzis wéi méiglech.
 
D'Detailer vum Tëschefall opzeschreiwen, inklusiv Datum, Zäit, Standuert, involvéiert Leit, den Oflaf vun den Evenementer kann Iech hëllefen Iech op engem spéideren Zäitpunkt u wichteg Detailer ze erënneren. Haalt all Zort vu Beweiser déi Är Ausso ënnerstëtzen: Fotoen, Videoen, Certificate vum Dokter: der Doktesch, asw.
 
Esou wéi d’Police seet : „Wenn Sie einer Straftat zum Opfer gefallen sind, ist Ihr Schaden in der Tat durch eine Anzeige nicht wiedergutzumachen. Doch ohne Ihre Anzeige kann der Täter nicht ausfindig gemacht werden und es ist nicht auszuschließen, dass er weitere Taten begeht, die Ihnen oder anderen Personen schaden. Deswegen ist es wichtig, Anzeige zu erstatten.“
 
An enger nächster Etapp envisagéiert d’Optioun d’Persoun déi Iech aggresséiert huet ze verkloen.
 
 

2. Ënnerstetzungsëmfeld

Ëmgitt Iech mat vertrauenswürdege Frëndschaften, Famill, Léifsten an Alliéierten, déi Iech wärend schwéieren Zäiten ënnerstëtze kënnen. Wa méiglech, zitt Iech net zeréck wann Dir Affer vun Diskriminatioun sidd. Schwätzt mat Ärer Vertrauenspersoun an Ärem Rhythmus wat Dir erlieft hutt. D'Wiel vun der Persoun déi Dir Iech uvertraut ass komplett Iech iwwerlooss.
 
Wann Dir Är Erfarungen mat enger neutraler Persoun deele wëllt, déi onparteiesch ass, kéint ee Professionellen eng Optioun sinn fir Iech ze hëllefen eventuell Traumaen ze bewältegen, Adaptatiounsmechanismen ze entwéckelen an eventuell emotional Schwieregkeeten verursaacht duerch d’Belästegung ze navigéieren. Hei sinn e puer Ressourcen:
 
Via Telefon oder Chat:
 
A Persoun:
FMPO, Profamilia
 

3. Safe Spaces identifizéieren

Andeems Dir Plazen fannt, wou d‘Membere vun der LGBTQIA+ Communautéit sech sécher kënne fille, déi fräi vum Urteel sinn, an déi Selbstausdrock an Authentizitéit erlaben, kënnt Dir eng Community fannen an Är Erfarunge mat Leit deelen déi änlech Situatioune matgemaach hunn. Physesch Treffen ginn zu Lëtzebuerg organiséiert, zum Beispill vu Rosa Lëtzebuerg: Rainbow Center, Centre CIGALE a PRIZMA organiséieren. Dës Organisatiounen proposéieren soziokulturell Eventer, Treffgruppen a villes méi.
 
PRIZMA (d’LGBTQIA+ Associatioun vun de Studéierenden op der Uni.lu): https://www.instagram.com/lgbtq.uni.lu/
 
Online Treffen kënnen eng Alternativ zu physeschen Treffen bidden an een änlecht Gefill vu Memberschaft offréieren. E puer Ressourcen:
 
 
*Et sollt bemierkt ginn, datt dës Statistike fir d'ganz Communautéit gesammelt goufen an datt bedeitend Differenzen tëscht den eenzelnen Communautéiten existéieren.
** Dës Tipps kënnen allgemeng hëllefen, awer mussen individuell bewäert ginn a si kee Wonnermëttel

Méi Artikelen