Sexuell Zoustëmmung

Sexuell Zoustëmmung ass en entscheedende Sujet fir sécher a respektvoll Bezéiungen ze garantéieren. Leider gëtt dëst Konzept oft falsch verstan oder falsch ugewannt. An dëser Newsletter wÀerte mir d'Konzept vum sexuellen Consentement zesummen entdecken, firwat et wichteg ass, a wéi mir alleguer dozou bÀidroe kënnen, datt dëst an eisem Liewe respektéiert gëtt.

1. Wat bedeit eigentlech „sexuellen Consentement“ oder „sexuell ZoustĂ«mmung“ ?

Sexuell ZoustĂ«mmung ass e kloren, frĂ€iwĂ«llegen a gĂ©igesĂ€itegen Accord un enger gemeinsamer sexueller AktivitĂ©it deelzehuelen. DĂ«s AwĂ«llegung kann nĂ«mmen op frĂ€iwĂ«lleger Basis gi ginn, ouni Drock, Manipulatioun oder AschĂŒchterung. Och muss d'ZoustĂ«mmung ausdrĂ©cklech sinn – et ass net, well eng Persoun net "Nee" seet, datt dat automatesch heescht, dass si averstanen ass.

E puer wichteg Zuelen:

2. Firwat ass et wichteg, d’AwĂ«llegung vun enger Persoun ze froen?

De Consentement vun enger Persoun ze froen an ze respektĂ©ieren, heescht dĂ«s Persoun als Individuum ze respektĂ©ieren. Wann eng Persoun e sexuellen IwwergrĂ«ff erlieft, kĂ«nnen d'Konsequenze gravĂ©ierend sinn: Verloscht vum Vertrauen, Angscht, Depressioun an nach vill mĂ©i. De Consentement vun enger Persoun net ze respektĂ©ieren, ass eng Gewaltdot, et heescht d'WĂŒrd an d'Grondrechter vun der anerer Persoun ze verleegnen an ze verletzen.

Beispill: Stellt Iech vir, Dir hutt zougestĂ«mmt, mat enger Persoun ze danzen, mee dĂ«s Persoun fĂ€nkt un, mat Iech intim wĂ«llen ze ginn, ouni ze iwwerprĂ©iwen, ob och dĂ«st fir Iech ok ass. DĂ«s Verletzung vun Ärer AwĂ«llegung kann Iech veronsĂ©cheren, et ka maachen dass Dir Iech verrot fillt respektiv traumatisĂ©iert.

De Consentement ass e fundamentaalt Recht! An dëst Recht muss respektéiert ginn, fir datt jidderee sech sécher a geschÀtzt a senge Bezéiunge fille kann.

3. Wéi kann ech meng Awëllegung kloer ausdrécken an opmierksam sinn op déi vun aneren:

WĂ©i kĂ«nnt Dir Är eegen ZoustĂ«mmung kloer ausdrĂ©cken ?
‱ Benotzt einfach an direkt Wierder: "Jo, ech fille mech wuel domat" oder "Ech wĂ«ll net mĂ©i wĂ€it goen wĂ©i dat hei."
‱ Traut Iech "Nee" ze soen: Äert Wuelbefannen an Är SĂ©cherheet sinn dĂ©i Ă©ischt PrioritĂ©it.
‱ Denkt drun, datt Dir zu all Moment Är Meenung Ă€nnere kĂ«nnt: D'ZoustĂ«mmung ass reversibel.

WĂ©i kĂ«nnt Dir oppassen, op Äre GĂ©igeniwwer seng/hir ZoustĂ«mmung ginn huet ?
‱ PrĂ©ift reegelmĂ©isseg no : "Ass nach Ă«mmer alles ok fir dech ?" oder "Mir kĂ«nnen ophalen, wann s de wĂ«lls."
‱ Passt op d’Kierpersprooch op : Wann Dir mierkt, dass dĂ©i aner Persoun nervös, onsĂ©cher oder onconfortabel ass, stoppt a sicht d’GesprĂ©ich mat Ärem GĂ©igeniwwer.
‱ Maacht keng Vermuddungen: Just well den "Nee" net ausgeschwat gouf, heescht dat net, dass d’ZoustĂ«mmung garantĂ©iert ass. Frot Ă«mmer a lauschtert no.

Beispill: Dir sidd amgaang, eng Persoun ze kussen, mee Dir mierkt, datt dës Persoun ofgelenkt oder nervös wierkt. An dem Fall haalt Dir op a frot: "Geet et? Mir kënne méi lues maachen oder ganz ophalen, wann s du dat wëlls." Dës einfach Fro weist Respekt a suergt dofir, datt Dir allebéid op der selwechter WellelÀngt sidd.

Conclusioun

De sexuellen Consentement ass fundamental an alle BezĂ©iungen. Duerch d'GesprĂ©ich iwwer dĂ©i persĂ©inlech AwĂ«llegung droe mir dozou bĂ€i, en Ëmfeld ze schafen, an deem sech jidderee respektĂ©iert a sĂ©cher fillt. Passt op Iech op a passt och op dĂ©i Aner op, andeems Dir de Consentement Ă«mmer respektĂ©iert.

Fir ofzeschlĂ©issen, wĂ«lle mir Iech drop opmierksam maachen, dass de Service infoMann op Rendez-Vous fir Iech do ass, wann Dir de Besoin verspiert, iwwer des Thematik ze schwĂ€tzen oder mĂ©i doriwwer gewuer ze ginn. Eis Partner a Partnerinnen, dĂ©i mir hei Ă«nnendrĂ«nner opgelĂ«scht hunn, stinn Iech och zur VerfĂŒgung fir Iech ze Ă«nnerstĂ«tzen.

Falls Dir Affer vun engem sexuellem Iwwergrëff gi sidd, ass et wichteg, sech bei der Police ze melle fir den Tëschefall ze mellen. ZousÀtzlech dozou ginn et Berodungs- a Supportservicer, deenen hir Missioun et ass, Iech ze begleeden an opzefÀnken.

Ressourcen:


‱ Femmes en dĂ©tresse 
‱ Fondation Maison de la Porte Ouverte 
‱ PROFAMILLIA 
‱ Planning Familial 
‱ D’LIGUE: 
‱ Police Grand-Ducale TĂ©l. : 113 
‱ Centre UMEDOÂ